Formatioun Mënschenhandel

« La traite des êtres humains, TEH, est le fait de recruter, ou/et de transférer, ou/et d’héberger, ou/et d’accueillir une personne, de prendre, de passer ou de transférer le contrôle sur elle en vue de l’exploiter soit sexuellement, soit par le travail (esclavage domestique, servitude, travaux manuels, agricoles, restauration, travail saisonnier). La traite peut aussi se manifester dans le cadre de la mendicité forcée, du prélèvement d’organes ou de tissus ou dans le but de forcer une personne à commettre des crimes ou des délits. »

De Ministere fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, ass responsabel fir d’Koordinatioun vun der Assistance fir d’Affer vum Mënschenhandel, de MEGA bitt awer och en Formatiounszyklus am Beräich Mënschenhandel un : eng Basis Formatioun an eng Verdéiwungs Formatioun.

De Contenu an d‘Dauer vun dësen zwou Formatioune kënnen op d‘Wënsch vun den interesséierte Léit ugepasst ginn.

 1 – Basisformatioun Mënschenhandel (6 Stonnen)

  • Definitioun, Phänomen vum Mënschenhandel an seng verschidden Ausprägungen,
  • Erklärungen zum legale Kader zum Mënschenhandel um nationalen, europäeschen an internationale Plang,
  • Affer vu Mënschenhandel,
  • Informatiounen zum Hëllefsréseau an de responsabelen Acteure fir d’Identifikatioun, Prise en Charge, d’Assistance an de Schutz vun Affer vum Mënschenhandel an zu de politeschen Acteuren am Beräich Mënschenhandel,
  • Hëllefs-, Berodungs- an Ënnerstëtzungsmoossname fir Affer vum Mënschenhandel zu Lëtzebuerg an am Fall vun engem Retour an d‘Heemechtsland.

Formateur/e/s:  Agente vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen an Männer, vum Justizministère, vun der Police judiciaire, aus der Immigratiouns Direktioun a Vertrieder/inne vum Hëllefsservice fir Affer vum Mënschenhandel, InfoTraite.

 1 – Basisformatioun Mënschenhandel – Crash Cours (2 Stonnen)                                     

  • Definitioun Mënschenhandel an Erklärungen zum legale Kader um nationale Plang,
  • Detektioun, Identifikatioun, Assistance an Informatiounen zum Parcours vum Affer vum Mënschenhandel.

Formateur/e/s : INFOTRAITE a Police judiciaire

 2- Verdéiwungsformatioun Mënschenhandel  – Begleedung vun Affer vum Mënschenhandel, d’Roll vum Professionellen an de Phänomen vum Mënschenhandel (2 Deeg)

  • Migratiounsaspekter,
  • Detektioun an Identifikatioun vun Affer vum Mënschenhandel,
  • Begleedung a Prise en Charge vun Affer vum Mënschenhandel,
  • Zesummenaarbecht tëschent Acteuren um Terrain, déi direkt an indirekt vum Phänomen Mënschenhandel betraff sin.

Formateur : Christian Meulders, Direkter Sürya asbl (Organisatioun spezialiséiert am Accueil, dem Accompagnement an der Betreiung vun Affer vum Mënschenhandel).

Public cible :

  • Staats- a Gemengebeamten, ëffentlechen Dengscht, ONG, Salariéen an Independanten aus dem Privatsecteur,
  • All Persoun déi am Kader vun der Ausübung vun hire Funktioune potentiell Kontakt mat Affer vum Mënschenhandel huet (Police, Douane, Centre de rétention, ITM, Administratiounen a Ministèren, ONG, Gemengen, Entreprisen an Acteuren aus dem Gesondheets, Sozial an Educatiounsberäich).

“Hors d’Haleine” – Sensibiliséierung iwwer Gewalt am Stot an a Partnerschaften

De Film “Hors d’Haleine”, realiséiert vum lëtzebuergesche Regisseur Eric Lamhène, erzielt d’Geschicht vum Emma, enger Fra, déi Affer vu Gewalt a Partnerschaften ginn ass. Si fënnt Schutz an engem Foyer fir Fraen a Nout. A Sécherheet kann si do staark Bindunge mat...
Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Weist de Film “Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen.

Séance de sensibilisation et d’information sur la violence domestique

Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema haislech Gewalt

Wat ass haislecher Gewalt, wéi eng Gesetzer ginn et, wéi kann een Affer sech schützen a wéi kënnen d’Leit ronderëm intervenéieren, Introduktioun zum Thema Kanner an haislech Gewalt. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.

Interaktive Forumtheater iwwert haislech Gewalt

Interaktive Forumtheater iwwert haislech Gewalt

Matt Hëllef vum Präventiounstheater zum Thema haislech Gewalt wëll de MEGA dëse Sujet enttabuiséieren an destigmatiséieren, iwwert Gläichstellung vu Fraen a Männer sensibiliséieren an iwwert de legale Kader an den existéierenden Hëllefsréseau informéieren.

Déi participativ Approche vum Forumtheater an d’Duerstellung vu verschiddenen Zeene vun haislecher Gewalt erlaabt des Zieler z’erreechen, déi verschidde Facette vun haislecher Gewalt duerzestellen an déi betraffe Léit z’outilléiere (Affer, Täter an Zéien) fir ze reagéiere, ze hëllefen an un hier Zivilcourage z’appelléiere.

MEGA Webtalks

D’WEBTALKS sinn virtuell Präsentatiounen, déi an Zesummenarbecht mam Media Center vun der Uni Lëtzebuerg réaliséiert goufen, an déi sech op e Fuerschungsprojet baséieren, deen am Abrëll 2019 vum Miriam-Linnea Hale (M.Sc.) mam Titel « From Stereotypes to Hostile Sexism – A Psychological Analysis of Conceptions about Gender »  lancéiert gouf, an deen sech iwwer 3 Joër zitt ennert der Direktioun vum Assistant Professor Dr. André Melzer.

MEGA-SPILL.lu (MEMORY SPILL)

Bei d’MEGA-online-Spill sinn e puer flott néi Beruffer derbäi komm. Et kann een et eleng oder och am Duell géint en aneren spillen. Dest Spill weist op eng spilleresch Aart a Weis dass all Beruff kann vun engem Mann oder enger Fra ausgeübt gin.

Classe de l'école fondamentale de Mondercange après son atelier

Gläichstellung, Stereotyppen an Diskriminatiounen am edukative Kontext

Kanner gi scho ganz fréi mat Stereotyppen a Clichéë konfrontéiert, mee och mat Diskriminatioun duerch hiert Geschlecht. Et ass dem MEGA wichteg déi Acteuren ze sensibiliséieren déi mat Kanner a Jonker zesummeschaffen, an dofir ass eng interaktiv Presentatioun vun ongeféier enger Stonn opgesat ginn duerch d’Educatiounsekipp vum MEGA.

25joermega.lu

25 Joer MEGA, dat bedeit eng immens Unzuel u Gesetzer, Publikatiounen, Etüden, Campagnen, Affichen, Videoen, Konferenzen an Interviewen zum Thema Gläichstellung. Do kann ee schnell mol den Iwwerbléck verléieren… Mee vläicht erënnert der Iech nach un d’Fro “Bass du MEGA?” oder un déi kleng giel Int mat der Tréin am A? Sidd der interesséiert erauszefannen, wat de MEGA déi lescht 25 Joer alles gemaach huet? Da klickt séier hei op d’Affiche a scrollt duerch eis Geschicht!

We are equal

Broschür: We Are Equal

Wat bedeit Gläichstellung fir eis am Alldag? D’Broschür präsentéiert eng grouss Unzuel u gängege Situatioune flott a liichtverständlech illustréiert a mat kuerzen Texter beschriwwe fir esou bei Jonken eng Reflexioun unzereegen iwwert d’Villsäitegkeet vun der Gläichstellungs-Thematik. 

EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

De MEGA huet eng ambulant Ausstellung organiséiert déi zeréckbléckt op déi wichtegst politesch an historesch Etappen a Punkto Gläichstellung an de leschten honnert Joer.