Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Weist de Film “Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen. Frot Iech eng Kopie vum Film un, andeems Dir eng E-mail op unedeuxasbl@gmail.com schéckt.

Reservéiert, zousätzlech zur Virféierung vum Film, eng kleng Diskussiounsronn (20-30 Minutten) mat der Realisatrice vum Documentaire. Si presentéiert eng Aféierung an d’Recherche a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Wichtegkeet fir dës Resultater ze dokumentéieren, d’Geschicht vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg souwéi déi strukturell Ongläichheeten, déi et ëmmer nach an der Welt vum Sport ginn. Dës Offer ass speziell adaptéiert fir Schüler/innen aus engem Lycée. Reservéiert esou eng Diskussiounsronn per E-Mail un education@mega.etat.lu

Wien: Erwuessener, Schülerinnen a Schüler ab 8 Joer

Wou: Gemengen, Schoulen, Lycéeën

Wat: Stereotyppen, Sport

Sproochen: LU

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg