Lauschter op däin Häerz

„Lauschter op däin Häerz“: Eng Liesung, op däitsch oder lëtzebuergesch, bei där d’Kanner enger Geschicht iwwer Stereotyppen am Sport nolauschteren.

Dat 9-järegt Delphine huet keng Loscht méi op Ballet a säin Zwillingsbrudder de Mika wëll net méi Fussball spillen. D’Kanner stiechen d’Käpp zesummen a beschléissen, heemlech d’Rollen ze tauschen. Ab elo leeft d’Delphine dem Ball um Fussballfeld no an de Mika freet sech op d’Danzschoul. Ouni, dass hier Elteren et wëssen. Mee wat geschitt, wann déi dat awer erausfannen? „Lauschter op däin Häerz“ ass eng Geschicht iwwer Stereotyppen an elterlech Erwaardungen a wéi zwee Kanner dës opbriechen – mat der Ënnerstëtzung vun hiren zwee Hausdéieren.

Dir kënnt des Liesung bei der Edukatiounsekipp vum MEGA reservéieren.

Wien: Kanner vun 8 bis 12

Wou: Schoulen, Maisons Relais

Wat: Stereotyppen am Sport

Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch

“Hors d’Haleine” – Sensibiliséierung iwwer Gewalt am Stot an a Partnerschaften

De Film “Hors d’Haleine”, realiséiert vum lëtzebuergesche Regisseur Eric Lamhène, erzielt d’Geschicht vum Emma, enger Fra, déi Affer vu Gewalt a Partnerschaften ginn ass. Si fënnt Schutz an engem Foyer fir Fraen a Nout. A Sécherheet kann si do staark Bindunge mat...
Atelier Rosa-Blo un der frëscher Loft

MEGA Woch

D’Equipe vum MEGA begleed Gemengen, Grondschoulen an Lycéeën fir ugepasste Wochen fir Kanner a Jugendlecher z'organiséieren. D'Konzept ass et, Klassenzyklen ze wielen an hinnen all Schouljoer déi selwescht Atelieren ze proposéieren. Andeems dës Atelieren all Joer...
E Bléck an de Computer

E Bléck an de Computer

D’Schüler kucken sech e Computer vu bannen un, si decodéieren a geheime Message a Binärcode, maache mat bei engem Quiz a maachen éischt Erfahrungen am Programméieren.

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Weist de Film “Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen.

“Final Girl” an den Horrorfilmer

“Final Girl” an den Horrorfilmer

Di lescht Iwwerliewend ass een Personnage den een zanter den 1970er Joren  ëmmer erëm an Horrorfilmer begéint huet: eng jonk Fra besäitegt eleng an ouni Hëllef vun Drëtten een Monster. Een Ëmstand den dësen Personnage immens interessant mecht, enger Seits an Saachen Filmgeschicht mä och  aus enger geschlechtsspezifescher  Sicht.

SOZIAL MEDIEN: WÉI SI EIS ROLLEBILLER PRÄGE

Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge

An dësem Webinar dee vum Wencke Fiedler (Expertin a Medien) emgesat gouf geet et drëms, wéi Medien d’Geschlechterrollen duerstellen a wéi mir eis dovunner beaflosse loossen – ob bewosst oder net.

Alexa, wieso bist du eine Frau?

Alexa, wieso bist du eine Frau?

Auch Algorithmen können Vorurteile haben und diskriminieren. Im Workshop erfahren wir was künstliche Intelligenz ist und wie intelligente Maschinen lernen. Dabei können Maschinen eben auch lernen Menschen aufgrund ihres Geschlechts oder ihrer Herkunft zu diskriminieren. Es stellt sich die Frage wie man dieses Problem lösen kann und wer die Verantwortung trägt.

Le coffre magique

D’Zaubertru

Wéi de Flinn feststellt, datt hien um Weltfraendag Gebuertsdag huet, ass hien e bësse genéiert. Hätt et net eppes méi Cooles kënne sinn, wéi den internationale Rakéiten- oder op d‘mannst de Weltdinosaurierdag? Déi al verstëbsten Truh bei der Boma a beim Bopa um Späicher ka seng Meenung séier änneren: Eng turbulent Zäitrees duerch d’Geschicht vun der Fraebeweegung zu Lëtzebuerg geet lass. An um Enn steet fest: Den 8. Mäerz ass dee coolsten Dag vum ganze Joer!

Séance de sensibilisation et d’information sur la violence domestique

Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema haislech Gewalt

Wat ass haislecher Gewalt, wéi eng Gesetzer ginn et, wéi kann een Affer sech schützen a wéi kënnen d’Leit ronderëm intervenéieren, Introduktioun zum Thema Kanner an haislech Gewalt. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.

Workshop fir Kanner: Stereotyppen a Gewalt

Introduktioun an d’Thema vun de Stereotypper unhand vun interaktiven Diskussiounen a Spiller. D’Ziel ass et ze verstoe wat en Stereotyp ass an dass d’Geschlecht an d’Gesellschaft net eis Perséinlechkeet an eis Preferenzen bestëmmen. Wéi eng Virurteeler an Ongerechtegkeete kreéiere Stereotypper a wéi kenne mer dogéint virgoen. Wat ass Gewalt, wéi eng Forme vu Gewalt ginn et a wéi kenne mir eis schützen. Sech géint Gewalt positionéieren a se condamnéieren. Jee no Alter schwätzen mir vun haislecher Gewalt a hiere verschidde Formen an enger Bezéiung. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.