All weider Informatiounen zu den Workshops souwéi de Link fir d’Umeldunge wäerten Iech ab der Rentrée 2026/27 matgedeelt ginn.
Wien: Lycée Klassen (Alter 12 bis 20 Joer)
Wou: Kinepolis Kirchberg
Wat: megaLab
Sproochen: LU (EN, DE, FR)
All weider Informatiounen zu den Workshops souwéi de Link fir d’Umeldunge wäerten Iech ab der Rentrée 2026/27 matgedeelt ginn.
Wien: Lycée Klassen (Alter 12 bis 20 Joer)
Wou: Kinepolis Kirchberg
Wat: megaLab
Sproochen: LU (EN, DE, FR)
Dat 9-järegt Delphine huet keng Loscht méi op Ballet a säin Zwillingsbrudder de Mika wëll net méi Fussball spillen. D’Kanner stiechen d’Käpp zesummen a beschléissen, heemlech d’Rollen ze tauschen. Ab elo leeft d’Delphine dem Ball um Fussballfeld no an de Mika freet sech op d’Danzschoul. Ouni, dass hier Elteren et wëssen. Mee wat geschitt, wann déi dat awer erausfannen? „Lauschter op däin Häerz“ ass eng Geschicht iwwer Stereotyppen an elterlech Erwaardungen a wéi zwee Kanner dës opbriechen – mat der Ënnerstëtzung vun hiren zwee Hausdéieren.
Weist de Film “Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen.
Auch Algorithmen können Vorurteile haben und diskriminieren. Im Workshop erfahren wir was künstliche Intelligenz ist und wie intelligente Maschinen lernen. Dabei können Maschinen eben auch lernen Menschen aufgrund ihres Geschlechts oder ihrer Herkunft zu diskriminieren. Es stellt sich die Frage wie man dieses Problem lösen kann und wer die Verantwortung trägt.
Wéi de Flinn feststellt, datt hien um Weltfraendag Gebuertsdag huet, ass hien e bësse genéiert. Hätt et net eppes méi Cooles kënne sinn, wéi den internationale Rakéiten- oder op d‘mannst de Weltdinosaurierdag? Déi al verstëbsten Truh bei der Boma a beim Bopa um Späicher ka seng Meenung séier änneren: Eng turbulent Zäitrees duerch d’Geschicht vun der Fraebeweegung zu Lëtzebuerg geet lass. An um Enn steet fest: Den 8. Mäerz ass dee coolsten Dag vum ganze Joer!
Wat ass haislecher Gewalt, wéi eng Gesetzer ginn et, wéi kann een Affer sech schützen a wéi kënnen d’Leit ronderëm intervenéieren, Introduktioun zum Thema Kanner an haislech Gewalt. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.
Introduktioun an d’Thema vun de Stereotypper unhand vun interaktiven Diskussiounen a Spiller. D’Ziel ass et ze verstoe wat en Stereotyp ass an dass d’Geschlecht an d’Gesellschaft net eis Perséinlechkeet an eis Preferenzen bestëmmen. Wéi eng Virurteeler an Ongerechtegkeete kreéiere Stereotypper a wéi kenne mer dogéint virgoen. Wat ass Gewalt, wéi eng Forme vu Gewalt ginn et a wéi kenne mir eis schützen. Sech géint Gewalt positionéieren a se condamnéieren. Jee no Alter schwätzen mir vun haislecher Gewalt a hiere verschidde Formen an enger Bezéiung. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.
Ab wéini schwätzt een an enger Bezéiung vu Gewalt, wei eng Forme vu Gewalt gëtt et, wat ass de Gewaltzyklus a wéi kann een Affer sech schützen. Wou kann een Hëllef kréien a wouhinner kann een en Affer orientéieren.