D’Equipe vum MEGA begleed Gemengen, Grondschoulen an Lycéeën fir ugepasste Wochen fir Kanner a Jugendlecher z’organiséieren. D’Konzept ass et, Klassenzyklen ze wielen an hinnen all Schouljoer déi selwescht Atelieren ze proposéieren. Andeems dës Atelieren all Joer widderholl ginn, wäerten d’Kanner an d’Jugendlecher iwwer d’Zäit besser fir dës Thematiken sensibiliséiert ginn.
Dëst kéint zum Beispill esou ausgesinn:
- Cycle 2.2: Interaktiv Liesungen vu Bicher fir d’Kanner un d’Thematik erunzeféieren (zum Beispill Lauschter op däin Häerz, D’Zaubertru)
- Cycle 3.2: Thematesch Atelieren iwwer Stereotypen, Geschlechterrollen an Diskriminatioun (zum Beispill ATELIER “ROSA BLO!”, BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG))
- Cycle 4.2: Thematesch Atelieren déi d’vireg Thematiken weider entwéckelen (zum Beispill Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge, Alexa, firwat bass du eng Fra?)
Zéckt net de MEGA ze kontaktéieren fir är eegen MEGA Woch op d’Bee ze stellen.