AN DAT SOLL DIE GROUSS LEIFT SINN? – Net mat mir!

… ass den Titel vun der Interventioun déi Professionneler vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte zum Thema Gewalt am Stot proposéieren.

Dës Sensibiliséierungs- a Preventiouns-Sessioun erlaabt Iech déi éischt Unzeeche vu Gewalt am Stot ze erkennen, d’Dynamik wéi och d’Konsequenze vun dëser Gewalt kennen ze léieren an Iech dergéint ze schützen.

D’Sessioun ass interaktiv a gëeegent fir Teenager.

Reservéiere kann een dësen Atelier hei

WIEN: Jugendlecher ab 14 Joer

WOU: Schoulen, Internat,…

DAUER: 2 Stonne Cours

WAT: Sensibiliséierung vun de Jugendlechen zum Thema Gewalt am Stot mat virun allem Erklärungen zum Zyklus vu Gewalt, Gewaltformen, egalitärer/net-egalitärer Relatioun, eiser Aarbecht mat den Affer, asw.