Och Algorithmen kënnen Viruerteeler hunn an diskriminéieren. Am Atelier fanne mir eraus, wat kënschtlech Intelligenz ass a wéi intelligent Maschinnen léieren. Dobäi kënne Maschinne grad esou léieren, Mënschen wéinst hirem Geschlecht oder hirer Ofstamung ze diskriminéieren. Et stellt sech d’Fro, wéi een dëse Problem léise kann a wien d’Responsabilitéit dréit.
Dir hudd d’Méiglechkeet dëse Workshop beim MEGA ze buchen.
Wien: Klassen ab dem Cycle 4.1 awer och fir de Secondaire
Wou: Grondschoulen a Lycéeën
Wat: Diskriminatioun und Stereotyppen
Sproochen: LU, DE, FR, EN
