“Hors d’Haleine” – Sensibiliséierung iwwer Gewalt am Stot an a Partnerschaften

De Film “Hors d’Haleine”, realiséiert vum lëtzebuergesche Regisseur Eric Lamhène, erzielt d’Geschicht vum Emma, enger Fra, déi Affer vu Gewalt a Partnerschaften ginn ass. Si fënnt Schutz an engem Foyer fir Fraen a Nout. A Sécherheet kann si do staark Bindunge mat anere Bewunnerinnen knëppen, déi duerch hir gemeinsam Erfarungen an hiert géigesäitegt Resistéiere géint dës Schwieregkeeten zesummegeschweesst ginn. E Film voller Hoffnung, deen d’Schwësterlechkeet an d’onerschütterlech Stäerkt vun de Frae feiert.

Am Kader vun enger Sensibiliséierungscampagne gouf de Film während der Orange Week 2024 mat groussem Succès uechter verschidde Gemengen a Schoulen gewisen. Elo leeft de Film weider, mat neie Virstellungen am Joer 2025, fir weiderhin e breede Publikum fir dës Problematik ze sensibiliséieren.

No der Virstellung gëtt eng Diskussioun mam Regisseur vum Film souwéi mat Affer vu Gewalt a Partnerschaften an Assistantes sociales, déi a Fraefoyeren zu Lëtzebuerg schaffen, organiséiert. Dës Leit wäerten d’Méiglechkeet hunn, op d’Froen aus dem Publikum anzegoen, d’Situatioun vun den Affer zu Lëtzebuerg ze erklären an hir Erfarungen iwwer déi am Film ugeschwate Problematiken ze deelen.

Kommt bei eis fir en informativen a beräicherende Moment, dee fir d’Participanten eng Geleeënheet bitt, zesummen iwwer dës sozial Problematik nozedenken.

Reservéiere kann een hei

Wien: Ab 15 Joer

Wou: Kino, Schoul, Gemeng, …

Wat: Projektioun vum Film “Hors d’Haleine” an Diskussioun tëscht dem Publikum an dem Filmteam.

Sproochen: De Film ass op Franséisch. D’Diskussioun kann op Franséisch, Lëtzebuergesch, Englesch oder Däitsch gefouert ginn, jee no der Preferenz vun de Participanten.

Dauer vum Film: 101 Minutten

Dauer vun der Diskussioun: +- 45 Minutten

Atelier Rosa-Blo un der frëscher Loft

MEGA Woch

D’Equipe vum MEGA begleed Gemengen, Grondschoulen an Lycéeën fir ugepasste Wochen fir Kanner a Jugendlecher z'organiséieren. D'Konzept ass et, Klassenzyklen ze wielen an hinnen all Schouljoer déi selwescht Atelieren ze proposéieren. Andeems dës Atelieren all Joer...
An dat soll déi grouss Léift sinn? Net mat mir!

AN DAT SOLL DIE GROUSS LEIFT SINN? – Net mat mir!

… ass den Titel vun der Interventioun déi Professionneler vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte zum Thema Gewalt am Stot proposéieren. Dës Sensibiliséierungs- a Preventiouns-Sessioun erlaabt Iech déi éischt Unzeeche vu Gewalt am Stot ze erkennen, d'Dynamik wéi...
E Bléck an de Computer

E Bléck an de Computer

D’Schüler kucken sech e Computer vu bannen un, si decodéieren a geheime Message a Binärcode, maache mat bei engem Quiz a maachen éischt Erfahrungen am Programméieren.

Lauschter op däin Häerz

Lauschter op däin Häerz

Dat 9-järegt Delphine huet keng Loscht méi op Ballet a säin Zwillingsbrudder de Mika wëll net méi Fussball spillen. D’Kanner stiechen d’Käpp zesummen a beschléissen, heemlech d’Rollen ze tauschen. Ab elo leeft d’Delphine dem Ball um Fussballfeld no an de Mika freet sech op d’Danzschoul. Ouni, dass hier Elteren et wëssen. Mee wat geschitt, wann déi dat awer erausfannen? „Lauschter op däin Häerz“ ass eng Geschicht iwwer Stereotyppen an elterlech Erwaardungen a wéi zwee Kanner dës opbriechen – mat der Ënnerstëtzung vun hiren zwee Hausdéieren.

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg

Weist de Film “Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen.

“Final Girl” an den Horrorfilmer

“Final Girl” an den Horrorfilmer

Di lescht Iwwerliewend ass een Personnage den een zanter den 1970er Joren  ëmmer erëm an Horrorfilmer begéint huet: eng jonk Fra besäitegt eleng an ouni Hëllef vun Drëtten een Monster. Een Ëmstand den dësen Personnage immens interessant mecht, enger Seits an Saachen Filmgeschicht mä och  aus enger geschlechtsspezifescher  Sicht.

SOZIAL MEDIEN: WÉI SI EIS ROLLEBILLER PRÄGE

Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge

An dësem Webinar dee vum Wencke Fiedler (Expertin a Medien) emgesat gouf geet et drëms, wéi Medien d’Geschlechterrollen duerstellen a wéi mir eis dovunner beaflosse loossen – ob bewosst oder net.

Alexa, wieso bist du eine Frau?

Alexa, wieso bist du eine Frau?

Auch Algorithmen können Vorurteile haben und diskriminieren. Im Workshop erfahren wir was künstliche Intelligenz ist und wie intelligente Maschinen lernen. Dabei können Maschinen eben auch lernen Menschen aufgrund ihres Geschlechts oder ihrer Herkunft zu diskriminieren. Es stellt sich die Frage wie man dieses Problem lösen kann und wer die Verantwortung trägt.

Le coffre magique

D’Zaubertru

Wéi de Flinn feststellt, datt hien um Weltfraendag Gebuertsdag huet, ass hien e bësse genéiert. Hätt et net eppes méi Cooles kënne sinn, wéi den internationale Rakéiten- oder op d‘mannst de Weltdinosaurierdag? Déi al verstëbsten Truh bei der Boma a beim Bopa um Späicher ka seng Meenung séier änneren: Eng turbulent Zäitrees duerch d’Geschicht vun der Fraebeweegung zu Lëtzebuerg geet lass. An um Enn steet fest: Den 8. Mäerz ass dee coolsten Dag vum ganze Joer!

Séance de sensibilisation et d’information sur la violence domestique

Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema haislech Gewalt

Wat ass haislecher Gewalt, wéi eng Gesetzer ginn et, wéi kann een Affer sech schützen a wéi kënnen d’Leit ronderëm intervenéieren, Introduktioun zum Thema Kanner an haislech Gewalt. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.