Sensibiliséierung an interaktive Workshop fir Studenten zum Thema haislech Gewalt

Dëse Workshop gëtt vum Service LOG-in « an e Liewen ouni Gewalt » ugebueden an thematiséiert di divers Facettë vun der haislecher Gewalt.

Dir kënnt de Workshop hei reservéieren.

Public: Enseignement Secondaire an universitär

Wou: Bei Iech am Gebai

Inhalt: Ab wéini schwätzt een an enger Bezéiung vu Gewalt, wei eng Forme vu Gewalt gëtt et, wat ass de Gewaltzyklus a wéi kann een Affer sech schützen. Wou kann een Hëllef kréien a wouhinner kann een en Affer orientéieren. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vu haislecher Gewalt.

Dauer: +/- 2 Stonnen

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch

Séance de sensibilisation et d’information sur la violence domestique