Gläichstellung, Stereotyppen an Diskriminatiounen am edukative Kontext

Kanner gi scho ganz fréi mat Stereotyppen a Clichéë konfrontéiert, mee och mat Diskriminatioun duerch hiert Geschlecht. Et ass dem MEGA wichteg déi Acteuren ze sensibiliséieren déi mat Kanner a Jonker zesummeschaffen, an dofir ass eng interaktiv Presentatioun vun ongeféier enger Stonn opgesat ginn duerch d’Educatiounsekipp vum MEGA.

An dëser Presentatioun ginn Erklärungen mat Beispiller beluecht, a Propose vun Aktivitéiten presentéiert déi een einfach a säi professionnellen Alldag kann integréieren.

Se gouf entwéckelt fir Ekippen aus Maison Relaisen oder Schoulen, kann awer och fir aner Gruppen ugepasst ginn a kann einfach hei reservéiert ginn.

Wien: Professionneller aus dem edukativem Secteur (Enseignement, Accueil)

Wou: Schoulen, Lycéeën, Maisons Relais, Jugendhaiser

Thema : Geschlechter-Stereotyppen an Diskriminatiounen, Gläichstellung tëscht Fraen a Männer

Sproochen : Lëtzebuergesch, Franséich, Däitsch, Englesch

Classe de l'école fondamentale de Mondercange après son atelier