ATELIER: “WEI ERLIEFT DIR GLÄICHSTELLUNG VUN DE GESCHLECHTER AM ALLDAG?”

Dëse Projet hëlleft deene Jonken d‘Geschlechterstereotyppen an hirem Alldag, iwwert interaktiv Ateliere besser ze erkennen an ze verstoen.

Lycéeszäit ass d’Zäit vum erwuesse ginn a fir muncheree kritt d’Rolleverdeelung tëscht Mann a Fra eng nei Bedeitung. Wéi erliewen déi Jonk d’Gläichstellung vu Mann a Fra an hirem Privatliewen? An der Schoul? A wat fir eng Roll spillt d’Geschlecht an der Schoul, respektiv Beruffsorientéierung?

D’Ekipp vum MEGA deplacéiert sech op Ufro mam MEGA-Jumper fir mat Hëllef vu sengem didaktesche Material op dës Froen anzegoen.

Reservéiere kann een den Atelier hei.

Den Atelier gëtt och als Webinar ugebueden.

Wien: Jonker vu 12 bis 25 Joer

Wou: Jugendhaiser, Lycéeën, Gemengenhaiser

Wat: Geschlechterstereotyppen am Alldag

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch

Dauer: 30-120 min

Rencontre avec la Ministre à la Foire de l'Etudiant