Dëse Workshop gëtt vum Service LOG-in « an e Liewen ouni Gewalt » ugebueden a schwätzt iwwert de Wee vu Stereotyppen an interaktiv Spiller Gewalt a seng verschidden Formen un. Jee no Alterskategorie gëtt och d‘Thema haislech Gewalt ugeschwat.
Dir kënnt dëse Workshop hei reservéieren.
Public: Vum Cycle 3.2 un bis Cycle 4.2
Wou: Bei Iech (Schoul, Maison Relais)
Inhalt : Introduktioun an d’Thema vun de Stereotypper unhand vun interaktiven Diskussiounen a Spiller. D’Ziel ass et ze verstoe wat en Stereotyp ass an dass d’Geschlecht an d’Gesellschaft net eis Perséinlechkeet an eis Preferenzen bestëmmen. Wéi eng Virurteeler an Ongerechtegkeete kreéiere Stereotypper a wéi kenne mer dogéint virgoen. Wat ass Gewalt, wéi eng Forme vu Gewalt ginn et a wéi kenne mir eis schützen. Sech géint Gewalt positionéieren a se condamnéieren. Jee no Alter schwätzen mir vun haislecher Gewalt a hiere verschidde Formen an enger Bezéiung. Erklärungen zu eiser Aarbecht mat Affer vun haislecher Gewalt.
Dauer : 1 Stonn
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch