Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge

An dësem Webinar dee vum Wencke Fiedler (Expertin a Medien) emgesat gouf geet et drëms, wéi Medien d’Geschlechterrollen duerstellen a wéi mir eis dovunner beaflosse loossen – ob bewosst oder net.

Virun allem am jonken Alter ass et wichteg ze léieren, wéi ee bewosst mat (soziale) Medien ëmgeet an datt et absolut an der Rei ass, wann een net engem perfekten Ideal entsprécht.

Als indidivuell Aktivitéit, oder begleet duerch d’Ekipp vum MEGA an enger Klass oder soss engem Grupp. Reservatiounen iwwert dëse Link.

Wien: individuell oder am Grupp ab 8 Joer

Wou: privat, Lycée, Jugendhaus, Maison Relais, Grondschoul

Wat: Diskriminatioun a Stereotyppen, Egalitéit

Sproochen: LU

SOZIAL MEDIEN: WÉI SI EIS ROLLEBILLER PRÄGE