ROCKING ROBOTS

Technologie muss net langweileg sinn. Entdeck de Beräich STEM (Wëssenschaft, Technologie, Engineering, Mathematik) un Hand vu flotten Atelieren di der Kreativitéit keng Grenze setzen an enger Welt wou jidderee wëllkomm ass.

Du denks, dass Roboteren langweileg metallen Këschten sin? Net mat eis! An desem Workshop entwéckelst du dein eegenen “Rocking Roboter”, den’ s de duerno op fetzeg Musik danze loosse kanns. Wéi funktionnéiert dat? Dat wers du selwer erausfannen. Denger Kreativitéit sin hei keng Grenzen gesaat.

Am STEM Beräich as jidfereen wëllkommen. All Mënsch huet aner Fähegkeeten, déi zu engem gelongenen Projet bäi droen.

Reservéiere kann een dësen Atelier hei oder op mega.makeit.lu.

Wien: Kanner ab 8 Joer

Wou: Schoulen, Lycéeën, Maisons Relais, Jugendhaiser

Wat : Geschlechterstereotyppen

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch

Atelier Rocking Robots de la Makeit Asbl