Lauschter op däin Häerz

„Lauschter op däin Häerz“: Eng Liesung, op däitsch oder lëtzebuergesch, bei där d’Kanner enger Geschicht iwwer Stereotyppen am Sport nolauschteren.

Dat 9-järegt Delphine huet keng Loscht méi op Ballet a säin Zwillingsbrudder de Mika wëll net méi Fussball spillen. D’Kanner stiechen d’Käpp zesummen a beschléissen, heemlech d’Rollen ze tauschen. Ab elo leeft d’Delphine dem Ball um Fussballfeld no an de Mika freet sech op d’Danzschoul. Ouni, dass hier Elteren et wëssen. Mee wat geschitt, wann déi dat awer erausfannen? „Lauschter op däin Häerz“ ass eng Geschicht iwwer Stereotyppen an elterlech Erwaardungen a wéi zwee Kanner dës opbriechen – mat der Ënnerstëtzung vun hiren zwee Hausdéieren.

Dir kënnt des Liesung bei der Edukatiounsekipp vum MEGA reservéieren.

Wien: Kanner vun 8 bis 12

Wou: Schoulen, Maisons Relais

Wat: Stereotyppen am Sport

Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch

Lauschter op däin Häerz