EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

De MEGA huet eng ambulant Ausstellung organiséiert déi zeréckbléckt op déi wichtegst politesch an historesch Etappen a Punkto Gläichstellung an de leschten honnert Joer.

Op Ufro stellt de MEGA d’Expo deene Leit zur Verfügung déi dorun interesséiert si fir dass d’Fraerechter, respektiv d’Universalwalrecht an hire Strukturen thematiséiert kënne ginn.

Dir kënnt d’Expo hei reservéieren.

Wien: Jonker, Erwuessener

Wou: Schoulen, Maisons Relais, Gemengenhaiser, Betriber, ëffentlech Institutiounen

Wat: Walrecht, Politik, Gesellschaft

Sproochen: Franséisch, Däitsch