D’Zaubertru

„D’Zaubertru“: Dat ass eng interaktiv Liesung, bei där d’Kanner de Fiissche Flinn a seng Famill op eng spannend Zäitrees begleeden.

Wéi de Flinn feststellt, datt hien um Weltfraendag Gebuertsdag huet, ass hien e bësse genéiert. Hätt et net eppes méi Cooles kënne sinn, wéi den internationale Rakéiten- oder op d‘mannst de Weltdinosaurierdag? Déi al verstëbsten Truh bei der Boma a beim Bopa um Späicher ka seng Meenung séier änneren: Eng turbulent Zäitrees duerch d’Geschicht vun der Fraebeweegung zu Lëtzebuerg geet lass. An um Enn steet fest: Den 8. Mäerz ass dee coolsten Dag vum ganze Joer!

Op spilleresch a participativ Aart a Weis erliewen d’Kanner déi wichtegst Etappen als historesche Réckbléck op d’Emanzipatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg. Si begräifen esou, firwat et och haut nach wichteg ass, sech fir d’Gläichstellung anzesetzen.

Dir kënnt des interaktiv Liesung bei der Edukatiounsekipp vum MEGA reservéieren.

Wien: Kanner ab 9 Joer

Wou: Schoulen, Maisons Relais

Wat: D’Gläichstellung vu fréier bis haut

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch

Le coffre magique