BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)

Gender-Game ass de Numm deen de LISER engem liewensgroussen interaktive Brietspill ginn huet dat a véier Beräicher agedeelt ass an zwar Muecht / Wëssen / Aarbecht / Gesellschaft.

Den Zweck vun dësem Projet ass de Spiller a Spillerinnen d’Iddi ze gi virgefaasste Meenungen iwwert Geschlechterrollen a Fro ze stellen an eng Argumentatioun op déi am Spill gestallte Froen ze ginn.

Reservéiere kann een d’Spill hei oder bei contact@liser.lu

Wien: Kanner ab 8 Joer, Erwuessener

Wou: Schoulen, Lycéeën, Maisons Relais, Jugendhaiser, Veräiner, Aarbecht

Wat : Geschlechterstereotyppen

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch

Gender Game du LISER