25joermega.lu

25 Joer MEGA, dat bedeit eng immens Unzuel u Gesetzer, Publikatiounen, Etüden, Campagnen, Affichen, Videoen, Konferenzen an Interviewen zum Thema Gläichstellung. Do kann ee schnell mol den Iwwerbléck verléieren… Mee vläicht erënnert der Iech nach un d’Fro “Bass du MEGA?” oder un déi kleng giel Int mat der Tréin am A? Sidd der interesséiert erauszefannen, wat de MEGA déi lescht 25 Joer alles gemaach huet? Da klickt séier hei op d’Affiche a scrollt duerch eis Geschicht!

Dir kënnt d’Geschicht vum MEGA hei entdecken.

Wien: ab 16 Joer

Wou: Privat, Aarbecht, Recherche, Schoul, Maison Relais

Wat: Egalitéit am Alldag / Geschicht vun der Gläichstellung zu Lëtzebuerg

Sprooch: Lëtzebuergesch / Franséisch