PIXI-BICHER

De MEGA huet an Zesummenaarbecht mam Carlsen Verlag vun Hamburg an Däitschland eng Rei Pixi Bicher erstelle gelooss.

„Mama ist Bürgermeisterin“ weist wéi facettëräich a spannend de Beruff vu Buergermeeschter oder  Buergermeeschtesch ka sinn. Et soll déi Jonk dozou motivéieren sech fir d’Politik ze interesséieren, a weisen dass och Fraen politesch aktiv kënne sinn.

„Das kann ich auch!“ setzt de Fokus op d’Rollebiller tëscht Meedercher a Jongen a verschiddene Liewenssituatiounen, fir ze weisen dass si onofhängeg vun hirem Geschlecht, de selwechte Beruff ausübe kënnen an och an hirer Fräizäit déi selwecht Hobbye kënnen hunn.

Mat „Einhorn und Roboter suchen ein Zuhause“ weise mir datt et keng typesch Meederchers- respektiv Jongespillsaache ginn, mee all Kand mat all Spillsaach sech beschäftege kann.

D’Commande vun de Bicher kann een iwwert commande@mega.public.lu oder och nach hei opginn.

Wien: Kanner bis 12 Joer

Wou: Privat, Grondschoulen, Maisons Relais

Wat: Geschlechterstereotyppen an alle Liewenssituatiounen

Sproochen: Franséisch, Däitsch

Pixi