KUERZ FILMER

An dëse Kuerzfilmer weist de MEGA op wéi eng Manéier an a wéi enge Liewenssituatioune Meedercher a Jongen, Fraen a Männer op Préjugéën (oder souguer Diskriminatioune) stoussen déi op hiert Geschlecht zeréckzeféieren sinn.

Dëst zitt sech vum private Liewe bis hin zur berufflecher Orientéierung, respektiv zum Beruffsliewen.

D’Videoe fënnt een op www.rockmega.lu/video.

Wien: Kanner vu 4 bis 12 Joer

Wou: Privat, Grondschoulen, Maisons Relais

Wat: Geschlechterstereotyppen am Alldag (an an der berufflecher Orientéierung)

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch