Interaktive Forumtheater iwwert haislech Gewalt

Matt Hëllef vum Präventiounstheater zum Thema haislech Gewalt wëll de MEGA dëse Sujet enttabuiséieren an destigmatiséieren, iwwert Gläichstellung vu Fraen a Männer sensibiliséieren an iwwert de legale Kader an den existéierenden Hëllefsréseau informéieren.

Déi participativ Approche vum Forumtheater an d’Duerstellung vu verschiddenen Zeene vun haislecher Gewalt erlaabt des Zieler z’erreechen, déi verschidde Facette vun haislecher Gewalt duerzestellen an déi betraffe Léit z’outilléiere (Affer, Täter an Zéien) fir ze reagéiere, ze hëllefen an un hier Zivilcourage z’appelléiere.

D’Zesummenaarbecht tëschent dem MEGA an der Ecole du théâtre gesäit eng Theateropféierung vun ongeféier 3 Stonne fir, wärend der sechs Zeene vun haislecher Gewalt nogespillt ginn.

D’Organisatioun vun enger Theateropféierung muss vun den interesséierte Gemengen iwwerholl ginn.

Fir eng Opféierung an Ärer Gemeng oder zesumme mat anere Gemenge z’organiséieren kënnt dir eis kontaktéieren um: + 352 2478 58 -21/-31 oder social@mega.etat.lu.

Wien: Déi breet Ëffentlechkeet an all Awunner/in vun den interesséierte Gemengen ab 16 Joer.

Wou: Theatersäll, Centres culturels, an all Gemengen Infrastruktur déi fir Theateropféierungen equipéiert.

Thema: haislech Gewalt

Sprooch: Sprooch vun der Opféierung: FR, Interventioune vum Publikum an Diskussioun: AN, FR a LU

Interaktive Forumtheater iwwert haislech Gewalt