D’Formatioun „Ech kämpfe fair“ setzt sech mam Thema Gewaltpreventioun spilleresch a reflexiv auserneen.
Si gëtt vun der a.s.b.l. Act Together ugebueden déi sech ënnert anerem fir d’Wuelbefanne vu Kanner a Familljen a Nout a fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer asetzt, sou wéi e Berodungsservice fir Jongen a Männer offréiert.
Fir Froen oder weider Informatiounen, kuckt iech dës Säit (http://www.infomann.lu/index.php/ech-kämpfe-fair-gewaltpräventioun-mat-jongen) un oder reservéiert d’Formatioun “Ech kämpfe fair” hei.
Wien : Jongen ab 8 Joer
Wou: Jugendhaiser, Lycéeën
Wat: Gewaltpreventioun
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch